D’Jugendhaus an der Gemeng Réiser gëtt geréiert vum Veräin ASBL GENERATIONS 2000. Dëse Veräin besteet aus erwuessenen, benevollen Memberen an huet déi juristesch Form vun enger “association sans but lucratif”. De Conseil d’Administration setzt sech zesummen aus engem President, Vize-President, Sekretär, Tresorier a 5 weidere Memberen.
Bei reegelméissegen Reuniounen vum Conseil d’Administration mam Personal vum Jugendhaus get déi pädagogesch Aarbecht am Jugendhaus reflektéiert an d’Aktivitéitsprogrammer an aner organisatoresch Saachen beschwat. De Conseil d’Administration as den Employeur vum pädagogeschen Personal am Jugendhaus.
Eng Konventioun tëscht Gemeng, Educatiouns Ministère an ASBL GENERATIONS 2000 reegelt d’Organisatioun, d’Finanzéierung an d’Zilsetzungen vum Jugendhaus.
Aktuellen Conseil d’Administration:
President: Catherine JEZEK
Vize-President: Egide URBAIN
Sekretärin: Ilona SCHLEICH
Tresorier: Bob SERRES
Memberen: Mélanie KARP, Conny WOLFF, Jasmine BLOCK, Bettina BALLMANN