D’Jugendhaus as vir all Jonker vun 12 Joer (oder Cycle 4.2) bis 26 Joer. Du brauchs keng Memberskaart an et kascht näischt fir heihinn ze kommen. Du muss dech just déi éischte Kéier wanns du kënns, bei eis aschreiwen (mat Schülerkaart, Führerschäin oder Carte d’Identité).
![]() |
TREFFPUNKT |
D’Jugendhaus as eng Platz, wou’s Du dech mat denge Kollegen treffe kanns fir einfach nëmmen ze chillen oder eppes ze ënnerhuelen. Eng ganz Rei vun Méiglechkeeten stinn Dir hei zur Verfügung, wéi z.B. Billard | Kicker | Wifi | Bicher | Gesellschaftsspiller | PS4 | Pingpong | TV | DJ-Mëschpult | Atelier | a.s.w. |
INFORMATIOUN & BERODUNG |
Bei eis kanns Du dech iwwert Themen, déi Dir wichteg sinn informéieren (Schoul, Aarbecht, Sexualitéit, Gesondheet, Fräizäitaktivitéiten…). Wanns du perséinlech Problemer hues an een brauchs fir vertraulech ze schwätzen, da steet Dir d’Personal vum Jugendhaus ëmmer zur Verfügung. |
![]() |
ACTION & FUN |
Eng ganz Rei vun Fräizäitaktivitéiten organiséiere mir während dem Joer mat Dir wéi z.B. Ausflich | Schwammen | Karting | Lasergame | Fotoshootings | Kachen | Baken | Europapark | Expo | a.s.w. |
WORKSHOPS |
Regelméisseg bidde mir Dir Coursen un, bei deenen’s Du interessant Saachen kanns léieren wéi z.B. Recycling Art | Siebdrock | Danz | Kampfsport | Fotografie | Gittar | … Am Jugendhaus steet dir an denge Kollegen en Danz-Sall zur Verfügung, deen Dir kennt gratis notzen fir ze trainéieren. |
![]() | ![]() | ![]() |
DENG IDDI ZIELT! |
Wéis Du gesäis bidde mir eng ganz Rei Saachen bei eis un. Eis as et awer och wichteg, dat d’Jugendhaus net nëmmen eng Platz as wou’s Du Aktivitéiten konsuméiers. Du hues bei eis d´Méiglechkeet d’Jugendhaus mat ze gestalten an deng eegen Iddien a Projeten ze realiséieren. Dofir stinn mir Dir mat eisem Knowhow, eisen finanzielle Méiglechkeeten an eise Kontakter zur Verfügung. |
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |