ORGANISATIOUN

D’Jugendhaus an der Gemeng Réiser gëtt geréiert vum Veräin JONK VU GESCHTER AN HAUT (JGH a.s.b.l.). Dëse Veräin besteet aus erwuessenen, benevollen Memberen an huet déi juristesch Form vun enger „association sans but lucratif“. Nieft dem Jugendhaus geréiert d´JGH a.s.b.l. och de CLUB AKTIV+ RÉISERBANN. De Conseil d’Administration setzt sech zesummen aus engem President, Vize-President, Sekretär, Tresorier a 5 weidere Memberen.

Bei reegelméissegen Reuniounen  vum Conseil d’Administration mam Personal vum Jugendhaus gëtt déi pädagogesch Aarbecht am Jugendhaus reflektéiert an d’Aktivitéitsprogrammer an aner organisatoresch Saachen beschwat. De Conseil d’Administration as den Employeur vum pädagogeschen Personal am Jugendhaus.

Eng Konventioun tëscht Gemeng, Educatiouns Ministère an JGH a.s.b.l. reegelt d’Organisatioun, d’Finanzéierung an d’Zilsetzungen vum Jugendhaus.

 Aktuelle Conseil d’Administration:

President: Egide URBAIN

Vize-President: Catherine JEZEK

Sekretärin: Mike MAJERUS

Tresorier: Bob SERRES

Memberen: Nicole DEMUTH-METZLER, Max WAGNER, Paul SCHARPANTGEN, Ilona SCHLEICH, René BALLMAN, Bettina BALLMAN, Nathalie SAUBER, Tom JUNGEN


Eis Partner