Du bass Schüler oder Student an Du brauchs e Raum, wou´s Du a Rou kanns léieren oder mat Kolleegen un engem Projet schaffen, dann ass d´Léierstuff am Jugendhaus zu Bierchem genau déi richteg Platz fir dech.
Mir bidden Dir:
- en Dësch mat max. 6 Sëtzplazen
- e Laptop mat allen Office-Programmer
- bei Bedarf kënne mir dir faarweg Säite printen a Kopië machen
- Wifi
- Hëllef beim Opsetze vun enger „lettre de motivation“ an dengem Liewenslaf
- eng Kaffismaschinn
D´Léierstuff ass ëmmer disponibel wärend den Ëffnungszäiten vum Jugendhaus. Wann s du awer wëlls sécher sinn, dat de Raum fir dech fräi ass, da kanns du och per Mail reservéieren (mjroeser@youth.lu).

D´Léierstuff ass eng Initiativ vun der Jugendkommissioun Réiser an dem Jugendhaus
