D´Jugendhaus ass op!

No enger falscher Informatioun vum Éducatiounsministère, si mir frou Dir matdeelen ze kennen, dat d´Jugendhaus och während dem Homeschooling an, an der Fuesvakanz op ass.

Mir sinn natierlech och online fir Dech do (FB, Messenger, Whatsapp, Insta).

Et gellen eng Rei vun Regelen, un déis du dech muss halen, wanns du bei eis an d´Haus kenns:

  • Am Haus muss Du emmer deng Mask un hunn
  • Wäsch oder desinfizéier deng Hänn regelméisseg
  • Mir suergen dofir, dat regelméisseg gelefft gett
  • Pro Stack däerfen sech net méi ewéi 10 Jonker ophalen (max. 20 am ganzen Haus)
  • Et gett bis op Weideres keen Snack a keng Kachaktivitéiten
  • Wanns du dech krank fills, da bleiw w.e.g. doheem
  • De Fitness-Sall ass bis op Weideres zou an et si keng sportlech Aktivitéiten am Haus erlabt

Mir freen eis Dech ze gesinn!

Take Care 😉

HORAIRE

Méindes

Dënschdes

Mëttwochs

Donneschdes

Freides

Samschdes

14h-19h

14h-19h

14h-19h

14h-19h

14h-21h

14h-19h

 

Create a website or blog at WordPress.com

Nach oben ↑